2023-05-15 00:36
Neien Rainbow Center
Des Woch mécht zu Lëtzebuerg den éischten Rainbow Zenter seng Dieren op. De Rainbow Center bitt der LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg e sougenannten Safe Space, eng Platz wou d'Queer Communautéit zesummefënnt, eng Platz déi der Queer Szen Visibilitéit bitt. Des Platze si wichteg, do kënne nämlech queer Persounen sech esou ginn a liewen, wéi se sinn, ouni ze fäerten, jugéiert ze ginn. Desweideren bidden des Platzen den Austausch. Et ass ëmmer nach wichteg dass LGBTQ Persounen sech weiderhin fir hir Rechter asetzen.

http://100komma7.lu/program/episode/442934/202305150905-202305151000

#100komma7